1 Rue des Moulins – 6245 Mullerthal – Luxembourg

🍁De Chef Lars présentéiert seng nei Hierscht Kaart am 10. Joër vun der Brasserie Heringer Millen 🤩

Waat eng Aventure! Kleng ugefangen a vill Erausfuederungen gemeeschtert: Millefest, Héichwaasser, Embau, Corona, Spillplatz, Index, Kiosk a Chrëschtmaart… Mir soën eiser Equip, déi eis zum Deel sait Ufank un begleed, awer och soss jidderengem deen eis op iergendeng Manéier ennerstëtzt huet, an dësen immens flotten Projet méiglech gemeet huet, ee grousse Merci!

A mir als Equip soën virun allem eisem Chef Lars 🧑‍🍳 Merci ! vir deng emmer nei kreativ Ideën, deng Energie, dain Asatz an deng gudd Laun an der Kichen. Et gëtt kee Chef wéi dech, Lars! Grousse Merci vir des flott Zait 👏

Et as eng onverglaichbar Aventure an eisem Liewen… an awer as elo as d’Zait komm vir eppes Neies unzegoën a virun allem eis méi Zait vir d’Famill ze huelen.

D’Brasserie Heringer Millen vum Lars Fiebig mëscht den 17. Dezember 2023 définitif seng Dieren zou.

Mir freën eis eech déi nächst 3 Méint nach emol mat neien Kreatiounen an mat den Brasserie Heringer Millen Classic’s an all-time-favourites ze verwinnen🤩

Reservéiren kënt dir wéi gewinnt per Mail oder Telefon bis den 17. Dezember inclus.

Dono as et dann un enger neier Equip vir frëschen Wand an lecker Plat’n am Mëllerdall ze suergen, déi gären ab dem 1. Januar 2024 lassleën kann. Falls dir interesséiert sidd eisen “Kachläffel” ze iwwerhuelen, dann meld eech gären bei der Gemeng Waldbëlleg.

Bis hoffentlech ganz geschwenn am Mëllerdall,

Marie, Lars, Kian an d’ganz Equip!