1 Rue des Moulins – 6245 Mullerthal – Luxembourg

Brasserie Heringer Millen huet haut Donnegdeg vun 12h00-24h00 op.

Léif Clients,

Dank immens villen flaissegen Helfer as eisen Restaurant haut den Mëtteg schon nees ganz normal op! De Buedem as gebotzt, d’Dëscher gedeckt, Blummen an d’Vase gestallt an d’Zopp gekacht😄

Wann dir Loscht hudd zu Fouss, zu Pärd, mam Kanu oder mam Auto bei eis an de Mëllerdall ze kommen, dann réservéiert gären ären Dësch um 26 78 47 17 an mir konfirméiren natierlech och all bestehend Reservatiounen.

Mir fillen mat all deenen Leit déi elo nach am Waasser an am Dreck stin an alles nei opbauen mussen, mir waren elo och schons privat an mam Restaurant oft genuch derbai. Mee mir haaten wuel en ganz besonnegen Schutzengel an ganz vill flaisseg Hänn des Nuecht an haut de Moien déi et erméiglechen den Mëtteg schon nees schaffen ze dierfen. En ganz groussen Merci un Sie!!! Mir wärten eech nie soën kënnen wéi dankbar mir eech sin 😘

Elo mussen mir awer no vir kucken an freën eis eech de Mëtteg oder dësen WE schon nees dierfen ze begréissen.

Marie, Lars, Kian an d’ganz Equippe vun der Heringer Millen