Category Archives: News

Ennerstetzung vir eis Equipe

Léif Frënn,
Mir freën eis dass esou vill Leit dem Lars seng Kreatiounen schmachen kommen an denken dass et un der Zait as, eis Equippe ze vergréisseren.
Mir sichen een neien Mattarbeschter/Mattarbeschterin vir am Service
Missiounen:
– Reservatiounen entgéint huelen an de Sall organiséiren
– Gäscht wëllkomm heeschen, zervéiren an beroden
– Gedrenksbestellungen bei eisen Fournisseuren opgin
– Extran an Studenten aschafen an superviséiren

Qualitéiten:
– Autonom schaffen kennen
– Resposabel an kreativ sin
– Professionel Attitude
– Am Team schaffen kennen
– Diplomatesch sin

Falls dir interesséiert sidd, kënt dir eis weg är Bewerbung an ären CV op info@heringermillen.lu shecken.

Mir soën all Frënn déi Loscht hun desen Message ze deelen, villmools merci. Hoffentlech fannen mir op desem Wee eng jonk/jonk bliwwen an dynamesch Persoun déi an eis Equippe passt.

Bis hoffentlech geschwenn!

Marie-Louise an Lars
Brasserie Heringer Millen

Ennerstetzung vir eis Equipe

Vir d`Ouverture vun der neier Brasserie Heringer Millen den 1 März sichen mir Ennerstetzung vir eis Equipe:

– 1 qualifizeierten Kach
– 1 Patissier
– 1 Maitre d´hotel
– 1 Serveur/Barman

Franzeisch/letzebureg/regional Kichen
Perseinlechen an opmierksamen Service
Familjen an Wandererfrendlech
Sondes Owes a Meindes zou

Falls dir op der Sich no enger neier Erausfuederung sidd an Loscht hudd an enger jonker, dynamescher Equip mattzeschaffen, Eech ze investeiren an selwer Ideen vir flott Aktiviteiten an lecker Menüer wellt baidroen, dann scheckt eis weg ären CV un kontakt@heringermillen.lu.

1658635_574847219263896_388901203_o 1531577_574849919263626_1236901431_o1500948_574850029263615_619741999_o

Wëllkomm !

WëlkommHäerzlech wëllkomm op der offizieller Websäit vun der Heringer Millen am Mëllerdall. Ab dem 1. Mäerz 2014 presentéiert Iech den neien Chef Lars Fiebig an seng Equipe dat bescht aus der Franséisch an Lëtzebuergescher 
Kichen.
Bis dohin schaffen mir fläisseg un dësem Site fir Iech all déi néideg Informatiounen zur Verfügung ze stellen. Mir géifen eis och freeën, wann der eis op facebook.heringermillen.lu besicht, wou der mat Sécherheet ëmmer um neisten Stand bleift.

Fir weider Informatiounen kënnt der Iech gär ënner kontakt@heringermillen.lu mellen.

Mir hoffen Iech alleguerten ab dem 1. Mäerz an der Heringer Millen begréissen ze kennen,

Är Equipe aus dem Mëllerdall