Category Archives: News

Schoofswanderung op der Millen

Mir haaten en Samsdeg den 5 August ganz léiwen Besuch op der Millen wéi den Schäfer Florian mat sengen Schôf durch den Mëllerdall gewandert as an bei eis op der Wiss eng klang Rascht ageluegt huet. Och d’Familjen déi heen begleed hun an d’Kanner déi gehollef hun d’Schôf vun Altréier bis an den Mëllerdall ze brengen kruuten en leckeren Menu zervéiert an konnten e besschen op der Terasse raschten éier et Sondes Moies weider Richtung Beeforter Schlass goung.

D’Schäferei Weber organiséiert d’ganzt Joër iwwer flott Wanderungen mat den Schôf, all Informatiounen fannd dir op hirem site www.schaeferei-weber.lu

Mir sichen Studenten!

Mir sichen Studenten vir den ganzen Summer, vum Juni bis an den September eran.
Méindes as jiddereen frai + een aaneren Dag an der Woch, Geschafft gett emmer oofwiesselnd eng Woch Moiesschicht bis 18 Auer an eng Woch Owesschicht ab 15 Auer, sou kann een Oofwiesselnd sain Owend frai plangen oder Moies ausschlofen
Sidd dir op mannst 18 Joër aal an hudd e gudd Puer Turnschlappen an schnell Been, dann meld eech bei eis! Vir sech ze bewerben schreiwt mir weg eng E-mail op info@heringermillen.lu mat ärem Geburtsdatum an den Daten wéini dir wéilt schaffen kommen. Mir freën eis!
Marie a Lars

Antigaspi.lu

De Lars an seng Equipp vun der Kichen hun sech och des Woch nees en leckeren Menü iwwerluegt, wou mir eis regional Produkter ervirhiewen kennen an probéiren alles weiderzeverwärten an naischt ewegzegeheien. Kommt a losst eech inspiréiren!!

–> RTL.lu

bon-cadeau-noel bon-cadeau-noel2

Millefest den 8. Mee 2016

Dir sidd häerzlech agelueden op d’Millefest op der Heringer Millen am Mëllerdall, den 8. Mee 2016!

Et gëtt een ofwiesslungsräichen Programm vun 11:00 bis 18:00 Auer an dat bei fräiem Entrée.

Ausserdeem kennt dir och Mëllerdaller Grillspezialitéiten an frësch Leckereien aus der Bakstuff genéissen sou wei eng breet Palett un regionalen Produiten kafen.

Flyer Outside

Flyer Inside

Ennerstetzung vir eis Equipe

Léif Frënn,
Mir freën eis dass esou vill Leit dem Lars seng Kreatiounen schmachen kommen an denken dass et un der Zait as, eis Equippe ze vergréisseren.
Mir sichen een neien Mattarbeschter/Mattarbeschterin vir am Service
Missiounen:
– Reservatiounen entgéint huelen an de Sall organiséiren
– Gäscht wëllkomm heeschen, zervéiren an beroden
– Gedrenksbestellungen bei eisen Fournisseuren opgin
– Extran an Studenten aschafen an superviséiren

Qualitéiten:
– Autonom schaffen kennen
– Resposabel an kreativ sin
– Professionel Attitude
– Am Team schaffen kennen
– Diplomatesch sin

Falls dir interesséiert sidd, kënt dir eis weg är Bewerbung an ären CV op info@heringermillen.lu shecken.

Mir soën all Frënn déi Loscht hun desen Message ze deelen, villmools merci. Hoffentlech fannen mir op desem Wee eng jonk/jonk bliwwen an dynamesch Persoun déi an eis Equippe passt.

Bis hoffentlech geschwenn!

Marie-Louise an Lars
Brasserie Heringer Millen