All posts by Maurice

Gemittlech doheem an der Stuff!

Léif Clients, 
Mir freën eis eech matzedeelen dass d’Equippe vun der Heringer Millen och an den nächsten Wochen vir eech do as!

* Mir proposéiren eech ” A emporter”, vir matzehuelen an doheem ze genéissen, natierlech eis nei Lëscht vun Tarte flambées vun dësem Hierscht frësch aus dem Uewen an och hausgemeeten Plat’s vir doheem warm ze machen an är Famill ze verwinnen.

* Frësch gebackend Brout mat Bio Miehl vun der Dieschbourg Millen, Terrine de Foie gras mat Quetschenkraut an Brioche pure beurre, Saumon Graved Lax mat Hunneg Moschter Zauss an eisen beléiften Bio Olivenueleg vum Vasilis aus Grieschenland.

* No engem flotten Spazéiergang durch déi schéin Natur vum Mëllerdall sin mir den ganzen Samsdeg an Sondeg Nomëtten op vir en warmen Schoki, Cappuccino oder Glühwain sichen ze kommen, en frësch gezapten Béier oder eng säfteg Mettwurscht mat lëtzeburger Moschter op d’Hand!

Tarte flambées vir matzehuelen:

  • Tarte flambée alsacienne, lardons, oignons finement coupés et crème fraîche 10€
  • Tarte flambée au fromage de chèvre frais, poires pochées et miel du Müllerthal 12€
  • Tarte flambée au fromage Roude Bouf de Berdorf, jambon cuit et cru 14€
  • Tarte flambée au saumon fumé, câpres et aneth 14€
  • Tarte flambée au fromage de raclette suisse et Mettwurscht luxembourgoise 13€
  • Tarte flambée au boudin noir et compote de pommes du Müllerthal 13€
  • Tarte flambée aux champignons, gruyère, lardons et oignons de printemps 14€
  • Tarte flambée aux pommes du Mullerthal, noix de pécan et miel des abeilles du Mullerthal 11€

Hausgemeeten Plat’s vum Chef Lars:

  • Bouchée à la reine “déi Richteg”, mat feuilleté pur beurre, riz pilaf. sifflets de carottes et petits pois 19€
  • Souris d’agneau mat Couscous, courgettes, choux rave et carottes 22€
  • Joues de porc braisées pendant 24 heures, lardons, oignons caramélisés, champignons, petits pois et purée de pommes de terre selon la recette de Paul Bocuse 19€
  • Blanquette de veau mat oignons grelot, panais, champignons bruns a riz basmati 22€
  • Cuisse de canard confite, Schupfnudeln, purée de céleri, choux de Bruxelles et roux rouge 20€
  • Ragoûts fruits de mer à la tomate, écrasé de pommes de terre à l’huile d’olive bio de chez Vasilis et fenouil braisés 22€
  • Kniddelen mat Speck 500gr 13€ (Proposition d’accompagnement: hausgemeeten Aeppelkompott vun den Mëllerdaller Aeppel)
  • Découverte végane – Ris sauté aux légumes et tofu mariné  14€

Service traiteur – vir tëschendurch oder als Entrée 🙂 hausgmeet vum Chef Lars

  • Soupe de champignons am Weckglas 400gr 10€
  • Terrine de foie gras de canard et chutney de quetsches 11€/100gr
  • Saumon graved lax mat Hunneg Moschterzauss 7.5€/100gr
  • Sauce bolognaise mat Léift agekacht 1kg 18€
  • Jus de canard, jus de boeuf, jus d’agneau, jus de porc am Weckglas 175gr 11€ (Wann dir also doheem den Filet de boeuf frësch ubrood, hudd dir hei schons en 12 Stonnen agekachten Jus vir derbai an d’Kachen geet ruckzuck 😉

Eng Schneekegkeet aus der Pâtisserie vum Chef Loïc:

  • Brownie mat Valrhona Schokola an Nëss 4€
  • Cheese cake New York style 4€
  • Aeppeltaart mat Mëllerdaller Aeppel 3.5€ (1 part) oder 24€ (déi ganz Taart)
  • Hausgemeeten Baamkuch 100gr 6€
  • Krëschtdagskichelcher 100gr 5€

Brout a Brioche frësch gebaak:

Pain noix, noisettes grillées et raisins secs     (440gr)      4.9

Pavé malte aux céréales   (440gr)        4.5

Torsade à l’épeautre    (440gr)       4.7

Pain Omega 3 Bio       (440gr)        4.6

Brioche pur beurre     (440gr)        7.6

Baguette tradition française    (270gr)      2.8

                                    Le pain est cuit sur commande, temps d’attente 7min

Nom Wanderen, Samsdes a Sondes vun 11 bis 17 Auer:

  • Warmd Gedrénks: Schoki mat Valrhona Schokola an der Fair Mëllech vun der Molkerei Thiry, Cappuccino, hausgemeeten Glühwain,…
  • Frësch gezaptenen Béier: Simon Pils, Waissen Ourdaller an X-Mas Béier
  • Aeppeljus vun der Eppelpress, Bio Limonade, Ramborn, Fuze Tea, Fanta….
  • Gegrillten Mettwurscht an Luxringer, Fritten mat Mayonnaise a Ketchup  3.50€
  • Krëschtdagskichelcher an Brownies

 

Bestellungen per Telefon 📞 um 26784717 oder per Mail op info@heringermillen.lu

Villvillmools merci
Marie a Lars

Wëllkomm

Wëllkomm

Häerzlech wëllkomm op der offizieller Websäit vun der Heringer Millen am Mëllerdall.
De Kichechef Lars FIEBIG offréiert eng Auswiel vun Franséisch an Lëtzebuergesch Kichen “du terroir” an enger flotter Ambiance.
Reservéieren kennt dir um Telefon 26 78 47 17 oder per Email op info@heringermillen.lu.
Besicht och eis Facebook Säit op facebook.heringermillen.lu, fir ëmmer um neisten Stand ze bleiwen.

Mier freeën eis op ären Besuch,
Är Equipe aus dem Mëllerdall

Familje-fester

D’Heringer Millen géif sech freën eech an är Famill a Frënn hei begréissen a verwinnen ze dierfen!! En privaten Sall um “Kärespaicher”, en groussen Dësch bei der Fënster vir eraus an d’Natur ze kucken, en Apéritiv op der Terasse oder en Fussballspill op der Wiss?! En Cocktail dînatoire vir är Geburtsdagsparty oder eng Zeremonie an der Natur vir dee klenge Butz an der Famill wëllkomm ze heeschen?? Kommt einfach lanscht an erzielt eis vun ären Pläng oder schreiwt eis eng E-Mail op info@heringermillen.lu !

CONGE vum 10. bis 19. September

Léif Clients,
Mir freën eis dass mir dësen Summer esou vill Leit op eiser Terasse begréissen duerften. No dësem langen an flotten Summer mëscht Brasserie Heringer Millen elo seng Dieren vir 1 Woch zou, vum 10 bis den 19 September inclus, en klengen Congé deen eis Equippe notzen wärt vir voller Energie an hoffentlech gudden Ideen vir kreatif Plat’n an d’Hierschtsaison ze starten!
Wéi an villen Entreprisen gëtt den Congé Ugangs des Jores geplangt an esou as et komm dass sech eisen Congé mat dem Velosdag am Mëllerdall iwwerschneit deen leider eréischt am Summer annoncéiert gouf. Mir sin immens traureg dest Joër nët bei desem flotten Projet matmachen ze kennen, mee mir stellen eis Terasse gären zur Verfügung an d’Mëllerdaller Produzenten hun proposéiert eech mat Leckereien aus der Regioun ze verwinnen! Dir gesidd also, dir sidd op alle Fall gudd versuergt an mir wënschen eech en wonnerbaren Dag an eisem schéinen Mëllerdall!
Ab dem Donnegdeg, 20 September as eis Equippe dann nees ewéi gewinnd, vun Mettwochs bis Sondes op hirem Posten vir eech ze verwinnen!!
Bis hoffentlech ganz geschwenn!
Marie a Lars

Iwwerschwemmungen 1. Juni 2018

Dank dem immensen Asatz vun eisen Pompjeen, der Gemeng Waldbëlleg, dem Roby, eiser Equippe an eisen flaissegen Helfer a Frënn kennen mir de Restaurant de Mëtteg wéi gewinnd um 12 Auer opmachen! Mir haaten en Schutzengel an konfirméiren all Reservatiounen vir haut. Am einfachsten ereecht een de Mëllerdall haut iwwer d’Echternacherstross an Konsdref oder Waldbëlleg. Bis geschwenn!

Chrëschtdag

Chrëschtmaart op der Heringer Millen

zesummen mam Touristcenter Heringer Millen

https://www.facebook.com/events/2036461493248814/

Kommt och dëst Joer op den uregen Chrëschtmaart am wonnerschéine Mëllerdall. Niewt allerhand kulinaresche Genëss bidden d’Aussteller eng breed Palette un selwergemaachte Produiten!

bon-cadeau-noelbon-cadeau-noel2

 

Schoofswanderung op der Millen

Mir haaten en Samsdeg den 5 August ganz léiwen Besuch op der Millen wéi den Schäfer Florian mat sengen Schôf durch den Mëllerdall gewandert as an bei eis op der Wiss eng klang Rascht ageluegt huet. Och d’Familjen déi heen begleed hun an d’Kanner déi gehollef hun d’Schôf vun Altréier bis an den Mëllerdall ze brengen kruuten en leckeren Menu zervéiert an konnten e besschen op der Terasse raschten éier et Sondes Moies weider Richtung Beeforter Schlass goung.

D’Schäferei Weber organiséiert d’ganzt Joër iwwer flott Wanderungen mat den Schôf, all Informatiounen fannd dir op hirem site www.schaeferei-weber.lu

Mir sichen Studenten!

Mir sichen Studenten vir den ganzen Summer, vum Juni bis an den September eran.
Méindes as jiddereen frai + een aaneren Dag an der Woch, Geschafft gett emmer oofwiesselnd eng Woch Moiesschicht bis 18 Auer an eng Woch Owesschicht ab 15 Auer, sou kann een Oofwiesselnd sain Owend frai plangen oder Moies ausschlofen
Sidd dir op mannst 18 Joër aal an hudd e gudd Puer Turnschlappen an schnell Been, dann meld eech bei eis! Vir sech ze bewerben schreiwt mir weg eng E-mail op info@heringermillen.lu mat ärem Geburtsdatum an den Daten wéini dir wéilt schaffen kommen. Mir freën eis!
Marie a Lars

Antigaspi.lu

De Lars an seng Equipp vun der Kichen hun sech och des Woch nees en leckeren Menü iwwerluegt, wou mir eis regional Produkter ervirhiewen kennen an probéiren alles weiderzeverwärten an naischt ewegzegeheien. Kommt a losst eech inspiréiren!!

–> RTL.lu

bon-cadeau-noel bon-cadeau-noel2