All posts by Heringer Millen

Covid-19/Coronavirus Update

Léif Client!

Et war eng kurz an eng flott Experienz en Take out an Delivery hei am Mëllerdall ze organiséiren.
Nom eisem Premierminister senger Ried vun gëschter Owend hun mir haut den Mëtteg zesummen mat eiser Equippe décidéiert den Restaurant ganz zou ze machen.

Vir d’Secherheet vun eisen Mattarbëschter, vun eech an allen Leit dobaussen ze garantéiren.

Bleiwt gesond a bleiwt doheem, den Message vun der Regierung as ganz kloër an mir schléissen eis deem un 🙂
Bis hoffentlech am Summer nees op eiser schéiner Terasse!


Chers tous,

Malgré les différentes alternatives que nous avons mis en place, la complication des circonstances relatives à l’évolution de la situation actuelle ne nous permet plus de poursuivre nos activités, la priorité restant avant tout la protection et la santé de nos équipes.

Dans l’attente de pouvoir reprendre nos activités au plus vite, nous souhaitons à remercier nos clients et notre équipe qui nous ont soutenu jusqu’à présent.

Prenez soin de vous et à très vites,

Marie-Louise et Lars 

Take Away / Delivery

Léif Clients, léif Leit aus der Régioun Mëllerdall,

Eis Equipe mëscht hirt Bescht vir Eech e bësschen ze vewinnen, mat flotten Plat’en déi dir sichen kommen an doheem oder dobaussen an der Natur genéissen kënt oder mir Eech heem liwweren dierfen wann Dir an engem vun dësen Dierfer wunnt!

Sait 6 Joër hudd Dir eis esou léif an der Aventure „Brasserie Heringer Millen“ begleed an ennerstëtzt an mir hun vill flott Fester zesummen gefeiert.

Mir hun eis vun Ufank un hei am Mëllerdall wuel gefilld an hoffen op Är Ennerstëtzung an den nächsten Wochen, vir dass mir Eech och an den nächsten Summer‘en nees op der Terasse zervéiren dierfen!

Wéi gewinnd, schecken ech een en Up-Date mam Chef Lars sengen neitsten Kreatiounen all Mëttwoch Moien 😋