Familje-fester

D’Heringer Millen géif sech freën eech an är Famill a Frënn hei begréissen a verwinnen ze dierfen!! En privaten Sall um “Kärespaicher”, en groussen Dësch bei der Fënster vir eraus an d’Natur ze kucken, en Apéritiv op der Terasse oder en Fussballspill op der Wiss?! En Cocktail dînatoire vir är Geburtsdagsparty oder eng Zeremonie an der Natur vir dee klenge Butz an der Famill wëllkomm ze heeschen?? Kommt einfach lanscht an erzielt eis vun ären Pläng oder schreiwt eis eng E-Mail op info@heringermillen.lu !