CONGE vum 10. bis 19. September

Léif Clients,
Mir freën eis dass mir dësen Summer esou vill Leit op eiser Terasse begréissen duerften. No dësem langen an flotten Summer mëscht Brasserie Heringer Millen elo seng Dieren vir 1 Woch zou, vum 10 bis den 19 September inclus, en klengen Congé deen eis Equippe notzen wärt vir voller Energie an hoffentlech gudden Ideen vir kreatif Plat’n an d’Hierschtsaison ze starten!
Wéi an villen Entreprisen gëtt den Congé Ugangs des Jores geplangt an esou as et komm dass sech eisen Congé mat dem Velosdag am Mëllerdall iwwerschneit deen leider eréischt am Summer annoncéiert gouf. Mir sin immens traureg dest Joër nët bei desem flotten Projet matmachen ze kennen, mee mir stellen eis Terasse gären zur Verfügung an d’Mëllerdaller Produzenten hun proposéiert eech mat Leckereien aus der Regioun ze verwinnen! Dir gesidd also, dir sidd op alle Fall gudd versuergt an mir wënschen eech en wonnerbaren Dag an eisem schéinen Mëllerdall!
Ab dem Donnegdeg, 20 September as eis Equippe dann nees ewéi gewinnd, vun Mettwochs bis Sondes op hirem Posten vir eech ze verwinnen!!
Bis hoffentlech ganz geschwenn!
Marie a Lars