Schoofswanderung op der Millen

Mir haaten en Samsdeg den 5 August ganz léiwen Besuch op der Millen wéi den Schäfer Florian mat sengen Schôf durch den Mëllerdall gewandert as an bei eis op der Wiss eng klang Rascht ageluegt huet. Och d’Familjen déi heen begleed hun an d’Kanner déi gehollef hun d’Schôf vun Altréier bis an den Mëllerdall ze brengen kruuten en leckeren Menu zervéiert an konnten e besschen op der Terasse raschten éier et Sondes Moies weider Richtung Beeforter Schlass goung.

D’Schäferei Weber organiséiert d’ganzt Joër iwwer flott Wanderungen mat den Schôf, all Informatiounen fannd dir op hirem site www.schaeferei-weber.lu