Ennerstetzung vir eis Equipe

Léif Frënn,
Mir freën eis dass esou vill Leit dem Lars seng Kreatiounen schmachen kommen an denken dass et un der Zait as, eis Equippe ze vergréisseren.
Mir sichen een neien Mattarbeschter/Mattarbeschterin vir am Service
Missiounen:
– Reservatiounen entgéint huelen an de Sall organiséiren
– Gäscht wëllkomm heeschen, zervéiren an beroden
– Gedrenksbestellungen bei eisen Fournisseuren opgin
– Extran an Studenten aschafen an superviséiren

Qualitéiten:
– Autonom schaffen kennen
– Resposabel an kreativ sin
– Professionel Attitude
– Am Team schaffen kennen
– Diplomatesch sin

Falls dir interesséiert sidd, kënt dir eis weg är Bewerbung an ären CV op info@heringermillen.lu shecken.

Mir soën all Frënn déi Loscht hun desen Message ze deelen, villmools merci. Hoffentlech fannen mir op desem Wee eng jonk/jonk bliwwen an dynamesch Persoun déi an eis Equippe passt.

Bis hoffentlech geschwenn!

Marie-Louise an Lars
Brasserie Heringer Millen