Offiziell Ouverture vun der Heringer Millen

De 27. Februar 2014 war et sou weit, no de stressege Preparatioune konnt d’Equipe aus der Heringer Millen Gemengen- a Syndikatsvertrieder aus der Regioun als eicht Gäscht begréissen.

IMG_2681 IMG_2644 IMG_2638

 

 

 

 

An flotter Atmosphär an an der Präsenz vun der Famill, krut den neie Chef Lars FIEBIG den hëlzene Läffel vum Buergermeeschter vu Waldbëlleg, Jean-Luc SCHLEICH Iwwerrescht

Dono ass mat enger Coupe op eng erfollegräich Zukunft ugestouss ginn, an d’Gäscht konnten sech een eicht Bild vum neie Kichechef senge Kachkonsten maachen, dee mat senger Equipe aus der Kichen eng ganz rei vun Häppecher preparéiert huet.

IMG_2699 IMG_2769 IMG_2782

 

 

 

 

Den 1. Mäerz ass dann de Startschoss vir de Publique, a mir geiffen eis freeë wann och dir bis laanscht kommt. De Restaurant ass op vun Mettwochs bis Samschdeg vun 11:30 bis 22:00 Auer a Sonndes vun 11:30 bis 17:00 Auer.

Reservéiere kennt entweder iwwer Telefon op dem 26 78 47 17 oder och per Email ënnert kontakt@heringermillen.lu.

Mier freeën eis op äre Besuch an hoffentlech bis Geschwënn,

Är Equipe aus der Heringer Millen

P.S. Méi Fotoen vun der Ouverture fannt der an eiser Fotosgalerie.

Fotoen © by Marc Engeldinger